ProActif sicht schnellstméiglecht een:
Administrativen Mataarbechter am Akaf (m/w)
CDI 40 St./W. (Ref. OPE0125)
Loun laut Kollektivvertrag
Är Missioun
- Dir sidd zoustänneg fir de Portfolio vun de Fournisseuren, fir d’Verhandlunge vun den Akafskontiounnen an d'Vertreeg mat de Fournisseuren
- Dir assuréiert d'Ufroen, d'Erfaassen, de Suivi an de Kontroll vun de Commanden
- Dir plangt d'aleeë vun de Wueren, halt e Suivi iwwert d'Liwwerungen a geréiert de Stock
- Dir stellt Rechnungen aus an hëlleft bei den ufaalenden administrativen Aarbeschten am Service
- Dir féiert d’Aufgaben am Zesummenhang mat der Gestioun vum Fuerpark aus.
Äre Profil
- Titulaire vun engem "Diplôme de fin d’études en gestion administrative, commerce" oder equivalent mat enger nennenswäerter Beruffserfahrung an enger änlecher Positioun
- Verhandlungskompetenzen an Fournisseursmanagement
- Gutt Kenntnisser vun den übleche Sproochen esou wéi vu Computer- an Inventarprogrammer
- Analytescht a methodescht Denken, gutt organisatoresch Kompetenzen an autonomt Schaffen
- Manschaftsgeescht, Eegeninitiativ an eng aktiv Kommunikatioun
- Gültege Führerschäin B.
D'Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer un ProActif SIS S.àr.l., Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern oder per Email un jobs@proactif.lu ze schécken.
Am Fall vun enger Astellung gëtt een Casier judiciaire Nummer 3 gefrot.