ProActif sicht schnellstméiglecht een:
Zëmmermann - Technesche Koordinator (m/w)
CDI 40 St./W. (Ref. MENU0125)
Loun laut Kollektivvertrag
Är Missioun
- Dir assuréiert de Kontakt mat de Clienten, preparéiert d’Devisen a schafft den Zäitplang vun de Schantercher aus
- Dir organiséiert a geréiert d'Aktivitéiten aus dem Service esou wéi och d'Formatioun vun den do affektéierte Leit
- Dir sidd zoustänneg fir verschidden administrativ Aufgaben (Aarbecht-s-Fichen, Akaf-s-bongen, Liwwerschäiner, Commanden, Rapporten, Evaluatiounen, asw.)
- Dir sidd diskret a beherrscht d'Reegele vun der Hygiène an der Sécherheet
Äre Profil
- Titulaire vun engem unerkannten "Diplôme en charpente" oder equivalent mat enger praktescher Erfarung vun op mannst 5 Joer an dësem Beruff, e Meeschterbréif gëllt als e richtege Pluspunkt
- Organisatoresch Kompetenzen a d’Fäegkeet eng Equipe ze féieren
- Pedagogesch a relational Kompetenze fir mat Leit an der Reinsertioun ze schaffen
- Eegeninitiativ ergräifen, verantwortungsbewosst an rigoréis sinn
- Kenntnisser vun den übleche Sproochen
- Gültege Führerschäin B
D'Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer un ProActif SIS S.àr.l., Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern oder per Email un jobs@proactif.lu ze schécken.
Am Fall vun enger Astellung gëtt een Casier judiciaire Nummer 3 gefrot.