ProActif sicht schnellstméiglecht en :
Administrativen Mataarbechter (m/w)
CDI 40 St./W. (Ref. ADM0323)
Loun laut Kollektivvertrag
Är Missioun
- Dir sidd fir d’Telefonsgespréicher zoustänneg (entgéinthuelen, filteren a weider leeden)
- Dir assuréiert verschidden administrativ Aarbechten déi am Dag ufalen
- Dir verfaasst/setzt nei Dokumenter op déi fir den Service gebraucht ginn
- Dir haalt en Iwwerbléck iwwert déi ufalend Aufgaben am Service
- Dir preparéiert an haalt d’Statistiken à jour
- Dir respektéiert d’Privatsphär, déi Iech matgedeelten Instruktiounen an d’intern Prozeduren
Äre Profil
- Titulaire vun engem DAP an enger nennenswäerter Beruffserfarung an enger änlecher Funktioun
- Pedagogesch a relational Kompetenzen fir mat Leit an der Reinsertioun ze schaffen
- Schrëftlech a sproochlech Kenntnisser am Franséisch, Lëtzebuergesch an Däitsch ; all zousätzlech Sprooch ass e Pluspunkt
- Kenntnisser vun den üblechen Computerprogrammer
- Gutt organisatoresch Kompetenzen, autonom Schaffen, Grëndlechkeet, Diskretioun an Vertraulechkeet
- Gutt Kommunikatiounsfäegkeet an Ekippegeescht
- Titulaire vum Führerschäin B
D'Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer an dem Casier n° 3 un ProActif SIS S.àr.l., Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern oder per Email un rh@proactif.lu ze schécken.