ProActif sicht schnellstméiglecht een:
Koordinator - Magasinier (m/w)
CDI 40 St./W. (Ref. OPE0225)
Loun laut Kollektivvertrag
Är Missioun
- Dir geréiert an optimiséiert d’Operatiounen am Lager
- Dir sidd zoustänneg fir d’Supervisioun, Formatioun an Encadrement vum Personal
- Dir assuréiert den Empfang, d'Lagerung an de Versand vun de Wueren
- Dir stellt sécher dass den Inventar korrekt an à jour ass
- Dir garantéiert d’Konformitéit vun de Sécherheetsnormen an den internen Prozeduren
Äre Profil
- Titulaire vun engem "Diplôme de fin d’études en gestion logistique" oder equivalent mat enger nennenswäerter Beruffserfahrung am Lagermanagement oder an der Logistik
- Pedagogesch a relational Kompetenze fir mat Leit an der Reinsertioun ze schaffen
- Teammanagement an Kommunikatiounsfäegkeeten
- Gutt Kenntnisser vun den übleche Sproochen esou wéi vu Computerprogrammer an dem WMS-System
- Analytescht a methodescht Denken, gutt organisatoresch Kompetenzen an autonomt Schaffen
- Gültege Führerschäin B
D'Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer un ProActif SIS S.àr.l., Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern oder per Email un jobs@proactif.lu ze schécken.
Am Fall vun enger Astellung gëtt een Casier judiciaire Nummer 3 gefrot.