ProActif sicht schnellstméiglech fir säin Projet 'Jardinage' een :
CDI 40 St./W. (Ref. JAR0223)
Loun laut Kollektivvertrag
Är Missioun
- Dir assuréiert de Kontakt mat de Clienten, preparéiert d’Devisen a schafft den Zäitplang vun de Schantercher aus
- Dir sidd zoustänneg fir verschidden administrativ Aufgaben (Aarbecht-s-fichen, Akaf-s-bongen, Liwwerschäiner, Commanden, Rapporten, Evaluatiounen, asw.)
- Dir organiséiert a geréiert Aktivitéiten aus dem Service esou wéi och d'Formatioun vun den do affektéierte Leit
- Dir sidd diskret a beherrscht d'Reegelen vun der Hygiène an der Sécherheet
Äre Profil
- Titulaire vun engem DAP (pépiniériste-paysagiste) oder equivalent mat enger Beruffserfarung an enger änlecher Funktioun vun op mannst 3 Joer
- Pädagogesch a relational Kompetenzen fir mat Leit an der Resozialiséierung ze schaffen
- Organisatoresch Kompetenzen a d’Fäegkeet eng Équipe ze féieren
- Mannschaftsgeescht an Eegeninitiativ
- Kenntnisser vun den übleche Sproochen
- Titulaire vum Führerschäin B
D'Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer an dem Casier n° 3 un ProActif SIS S.àr.l., Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern oder per Email un rh@proactif.lu ze schécken.