ProActif sicht schnellstméiglecht fir seng Aktivitéit 'Aus eisem Holz' een :
Viraarbechter an der Schräinerei (m/w)
CDI 40 St./W. (Ref. BAT0423)
Loun laut Kollektivvertrag
Är Missioun
- Dir plangt an assuréiert déi ufalend Aarbechten an der Schräinerei
- Dir organiséiert a geréiert d’Schanteger esou wéi och d'Formatioun vun den do affektéierte Leit
- Dir beherrscht d'Regelen vun der Confidentialitéit an der Sécherheet
Äre Profil
- Titulaire vun engem DAP oder equivalent als Schräiner mat enger nennenswäerter Beruffserfahrung vun op mannst 3 Joer
- Pedagogesch a relational Kompetenzen fir mat Leit an der Reinsertioun ze schaffen
- Kenntnisser vun enger vun den 3 übleche Sproochen
- Autonom, proaktiv a mat Mannschaftsgeescht schaffe kënnen
- Eegeninitiativ ergräifen, aktiv Kommunikatioun féieren an verantwortungsbewosst sinn
- Führerschäin B
D'Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer an dem Casier n° 3 un ProActif SIS S.àr.l., Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern oder per Email un rh@proactif.lu ze schécken.