ProActif sicht schnellstméiglechst fir seng Aktivitéit 'Bâtiment' een :
Schlässer oder Carrossier (m/w)
CDI 40 St./W. (Ref. BAT0121)
Loun laut Kollektivvertrag
Är Missioun
- Dir assuréiert d’Restauratioun vun de Stolkonstruktiounen
- Dir organiséiert a plangt d'Aarbecht esou wéi d'Ausbildung vun den do affektéierte Leit
- Dir hutt Kenntnisser vun de verschiddenen Schwees-Techniken a vum adequatem Ekipement
- Dir beherrscht d'Reegelen vun der Confidentialitéit an der Sécherheet
Äre Profil
- Titulaire vun engem DAP Schlässer oder Carrossier a mat enger nennenswäerter Beruffserfarung an enger änlecher Funktioun vun op mannst 3 Joer
- Pedagogesch a relational Kompetenzen fir mat Leit an der Reinsertioun ze schaffen
- Organisatoresch Kompetenzen an d'Fäegkeet an enger multidisziplinärer Equipe ze schaffen
- Kenntnisser vun den übleche Sproochen
- Titulaire vum Führerschäin B
D'Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, rezenter Foto an dem Casier n° 3 a 4 un folgend Adresse ze schécken :
- ProActif asbl
- Département RH
- 5, rue Läiteschbaach
- L-5324 Contern
oder per E-mail iwwert den Knäppchen "Bewerbt Iech elo!"