ProActif sicht schnellstméiglecht fir säin Projet "Atelier mécanique" een :
Mechatroniker (m/w)
CDI 40 St./W. (Ref. OPI0123)
Loun laut Kollektivvertrag
Är Missioun
- Reparaturen a Revisiounen vu de Gefierer
- Regelméissege Kontrollen an Entretien vun de Gefierer (Pneuen a Bremse wiesselen, Filter, asw.)
- Diagnostik vun enger Dysfunktioun
- Kontroll an Upassung vum Opbau vu mechaneschen/elektronesche Stécker
- Montéieren vun Accessoiren
- Verwaltung vun administrativen Aufgaben am Zesummenhang mat der Aktivitéit
- Dir féiert virsiichteg a gewëssenhaft d’Aarbecht aus a garantéiert d’Sécherheet vun de geliwwerten Déngschtleeschtung
Äre Profil
- Titulaire vun engem DAP “mécatronicien” oder mat enger nennenswäerter Beruffserfahrung vun op mannst 3 Joer
- Pädagogesch a relational Kompetenzen fir mat Leit an der Reinsertioun ze schaffen
- Kenntnisser vun enger vun den 3 übleche Sproochen
- Autonom, proaktiv a mat Mannschaftsgeescht schaffe kënnen
- Eegeninitiativ ergräifen, aktiv Kommunikatioun féieren an verantwortungsbewosst sinn
- Führerschäin B
D'Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer an dem Casier n° 3 un ProActif SIS S.àr.l., Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern oder per Email un rh@proactif.lu ze schécken.