ProActif sicht schnellstméiglechst fir seng Aktivitéit 'Maraîchage' een :
Viraarbechter am Geméisubau (m/w)
CDI 40 St./W. (Ref. SRT1120)
Loun laut Kollektivvertrag
Är Missioun
- Dir animéiert a geréiert eng Equipe vu 4 bis 6 Leit
- Dir organiséiert a plangt d'Aarbecht vun Ärer Equipe
- Dir realiséiert d'Schanteger laut den Offeren an de Konventiounen
Äre Profil
- Titulaire vun engem DAP oder mat enger nennenswäerter Beruffserfarung an enger ähnlecher Funktioun vun op mannst 3 Joer
- Pädagogesch a relational Kompetenzen fir mat Leit an der Reinsertioun ze schaffen
- Fachkenntnesser vu landwirtschaftlech Maschinnen
- Kenntnesser vun den übleche Sproochen
- Titulaire vum Führerschäin B ; den BE an Trakter si vu Virdeel
D'Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, rezenter Foto an dem Casier n° 3 a 4 un folgend Adresse ze schécken :
- ProActif asbl
- Département RH
- 5, rue Läiteschbaach
- L-5324 Contern
oder per E-mail iwwert den Knäppchen "Bewerbt Iech elo!"