Är Missioun
- Dir assuréiert d’Restauratioun vun de Stolkonstruktiounen
- Dir organiséiert a plangt d’Aarbecht esou wéi d’Weiderbildung vun den do affektéierte Leit
- Dir hutt Kenntnisser vun de verschiddenen Schweestechniken an dem entspriechenden Equipement, esouwéi vun de Lackéiertechniken am Karosseriebau
- Dir beherrscht d’Reegele vun der Confidentialitéit an der Sécherheet
Äre Profil
- Titulaire vun engem DAP Schlässer oder Carrossier a mat enger nennenswäerter Beruffserfarung an enger änlecher Funktioun vun op mannst 3 Joer
- E Meeschterbréif ass vu Virdeel
- Pedagogesch a relational Kompetenze fir mat Leit an der Reinsertioun ze schaffen
- Organisatoresch Kompetenzen
- Fäegkeet an enger multidisziplinärer Equipe ze schaffen
- Kenntnisser vun den übleche Sproochen
- Gültege Führerschäin B
Kandidatur
D’Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, Motivatiounsbréif, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer un
ProActif SIS Sàrl , Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern
oder per Mail un jobs@proactif.lu ze schécken.
Am Fall vun enger Astellung gëtt een Casier judiciaire Nummer 3 gefrot.