Är Missioun
- Dir sidd fir d’Telefonsgespréicher zoustänneg (entgéinthuelen, filteren a weider leeden)
- Dir assuréiert verschidden administrativ Aarbechten am Alldag
- Dir verfaasst/setzt nei Dokumenter op déi am Service gebraucht ginn
- Dir preparéiert an haalt d’Statistiken à jour
- Dir respektéiert d’Privatsphär, déi Iech matgedeelten Instruktiounen an d’intern Prozeduren
Äre Profil
- Titulaire vun engem DAP an enger nennenswäerter Beruffserfarung an enger änlecher Funktioun
- Pedagogesch a relational Kompetenzen fir mat Leit an der Reinsertioun ze schaffen
- Schrëftlech a sproochlech Kenntnisser am Franséisch, Lëtzebuergesch an Däitsch ; all zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
- Kenntnisser vun den üblechen Computerprogrammer
- Gutt organisatoresch Kompetenzen, autonom Schaffen, Grëndlechkeet, Diskretioun an Vertraulechkeet
- Gutt Kommunikatiounsfäegkeet an Ekippegeescht
- Titulaire vum Führerschäin B
Kandidatur
D’Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, Motivatiounsbréif, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer un
ProActif SIS Sàrl , Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern
oder per Mail un jobs@proactif.lu ze schécken.
Am Fall vun enger Astellung gëtt een Casier judiciaire Nummer 3 gefrot.