Schlässer–Metallbauer/Schweesser

Pictogramme
Pictogramme

ProActif sicht schnellst méiglechst fir séng Aktivitéit “Fond-de-Gras”:

  • Réf.: FDG0126

  • CDI

  • m/w

  • 40 St./W.

Är Missioun

  • Restauratioun vun de Stolkonstruktiounen assuréieren
  • D’Aarbecht organiséieren a géréieren, esou wéi d’Weiderbildung vun den affektéierte Leit
  • Verschidde Schweestechniken uwenden an déi passend Equipementer benotzen
  • Finitiounsaarbechten ausféieren, inklusiv Lackéiertechniken no Karosseriestandard
  • D’Hygiène- a Sécherheetsreegele respektéieren an ëmsetzen

Äre Profil

  • Titulaire vun engem DAP Schlässer-Metallbauer oder Carrossier a mat enger nennenswäerter Beruffserfarung an enger änlecher Funktioun vun op mannst 3 Joer
  • Pedagogesch a relational Kompetenze fir mat Leit an der Reinsertioun ze schaffen
  • Organisatoresch Kompetenzen
  • d’Fäegkeet an enger multidisziplinärer Equipe ze schaffen
  • Kenntnisser vun den übleche Sproochen
  • Gültege Führerschäin B

Kandidatur

D’Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, Motivatiounsbréif, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer un

ProActif SIS Sàrl , Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern

oder per Mail un jobs@proactif.lu ze schécken.

Am Fall vun enger Astellung gëtt een Casier judiciaire Nummer 3 gefrot.

This site is registered on wpml.org as a development site. Switch to a production site key to remove this banner.