Administrative Mataarbechter

Logo de ProActif en couleur
Logo de ProActif en couleur

ProActif sicht schnellstméiglechst een Administrativen Mataarbechter:

  • Réf.: ADM0126

  • CDI

  • m/w

  • 40 St./W.

Är Missioun

  • Dir sidd fir d’Telefonsgespréicher zoustänneg (entgéinthuelen, filteren a weider leeden)
  • Dir assuréiert verschidden administrativ Aarbechten am Alldag
  • Dir verfaasst/setzt nei Dokumenter op déi am Service gebraucht ginn
  • Dir preparéiert an haalt d’Statistiken à jour
  • Dir respektéiert d’Privatsphär, déi Iech matgedeelten Instruktiounen an d’intern Prozeduren

Äre Profil

  • Titulaire vun engem DAP an enger nennenswäerter Beruffserfarung an enger änlecher Funktioun
  • Pedagogesch a relational Kompetenzen fir mat Leit an der Reinsertioun ze schaffen
  • Schrëftlech a sproochlech Kenntnisser am Franséisch, Lëtzebuergesch an Däitsch ; all zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
  • Kenntnisser vun den üblechen Computerprogrammer
  • Gutt organisatoresch Kompetenzen, autonom Schaffen, Grëndlechkeet, Diskretioun an Vertraulechkeet
  • Gutt Kommunikatiounsfäegkeet an Ekippegeescht
  • Titulaire vum Führerschäin B

Kandidatur

D’Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, Motivatiounsbréif, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer un

ProActif SIS Sàrl , Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern

oder per Mail un jobs@proactif.lu ze schécken.

Am Fall vun enger Astellung gëtt een Casier judiciaire Nummer 3 gefrot.

This site is registered on wpml.org as a development site. Switch to a production site key to remove this banner.