Administrativen Mataarbechter am Akaf

Logo de ProActif en couleur
Logo de ProActif en couleur

ProActif sicht schnellstméiglechst een Administrativen Mataarbechter am Akaf:

  • Réf.: OPE0226

  • CDI

  • m/w

  • 40 St./W.

Är Missioun

  • Dir sidd zoustänneg fir de Portfolio vun de Fournisseuren, fir d’Verhandlunge vun den Akafskontiounnen an d’Vertreeg mat de Fournisseuren
  • Dir assuréiert d’Ufroen, d’Erfaassen, de Suivi an de Kontroll vun de Commanden
  • Dir plangt d’aleeë vun de Wueren, halt e Suivi iwwert d’Liwwerungen a geréiert de Stock
  • Dir stellt Rechnungen aus an hëlleft bei den ufaalenden administrativen Aarbeschten am Service
  • Dir féiert d’Aufgaben am Zesummenhang mat der Gestioun vum Fuerpark aus

Äre Profil

  • Titulaire vun engem “Diplôme de fin d’études en gestion administrative, commerce” oder equivalent mat enger nennenswäerter Beruffserfahrung an enger änlecher Positioun
  • Verhandlungskompetenzen an Fournisseursmanagement
  • Gutt Kenntnisser vun den übleche Sproochen esou wéi vu Computer- an Inventarprogrammer
  • Analytescht a methodescht Denken, gutt organisatoresch Kompetenzen an autonomt Schaffen
  • Manschaftsgeescht, Eegeninitiativ an eng aktiv Kommunikatioun
  • Gültege Führerschäin B

Kandidatur

D’Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, Motivatiounsbréif, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer un

ProActif SIS Sàrl , Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern

oder per Mail un jobs@proactif.lu ze schécken.

Am Fall vun enger Astellung gëtt een Casier judiciaire Nummer 3 gefrot.

This site is registered on wpml.org as a development site. Switch to a production site key to remove this banner.