Är Missioun
- Dir assuréiert d’Virbereedung vun de Moolzechten
- Dir animéiert a geréiert d’Kichen esou wéi d’Ausbildung vun den do affektéierte Leit
- Dir sidd zoustänneg fir de Stock an de Commanden
- Dir beherrscht d’Reegelen vun der Hygiène, Sécherheet esou wéi vun den HACCP Normen
Äre Profil
- Titulaire vun engem DAP ‘Kach’ oder equivalent mat enger nennenswäerter Beruffserfarung an enger änlecher Funktioun vun op mannst 3 Joer (Meeschterbréif wär vu Virdeel)
- Pädagogesch a relational Kompetenzen fir mat Leit an der Reinsertioun ze schaffen
- Organisatoresch Kompetenzen
- Fäegkeet an enger multidisziplinärer Equipe ze schaffen
- E Sënn fir Verantwortung am Kader vun der Funktioun
- Kenntnisser vun den übleche Sproochen
- Titulaire vum gültege Führerschäin B
Kandidatur
D’Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, Motivatiounsbréif, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer un
ProActif SIS Sàrl , Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern
oder per Mail un jobs@proactif.lu ze schécken.