Är Missioun
- Dir sidd zoustänneg fir d’Virbereedung vum Buedem an der Uplanzung vu Kulturen.
- Veraarbechtung vu Kulturen no Besoin.
- Dir schafft mat moderne landwirtschaftleche Maschinnen a sidd fir den Ënnerhalt zoustänneg.
- Dir sidd Deel vun enger dynamescher Equipe déi an engem modernen Ëmfeld schafft.
Äre Profil
- Titulaire vun engem DAP – Geméisubau oder enger nennenswäerter Beruffserfarung an engem änleche Beräich.
- Führerschäin B erfuerderlech ; den BE an Trakter si vu Virdeel.
- Titulaire vun engem gültege “Sprëtzpass” (LU | BE | DE | FR)
Kandidatur
D’Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, Motivatiounsbréif, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer un
ProActif SIS Sàrl , Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern
oder per Mail un jobs@proactif.lu ze schécken.
Am Fall vun enger Astellung gëtt een Casier judiciaire Nummer 3 gefrot.