Viraabechter – Schlässer oder Industrie-Lackéierer fir Karosserien

Pictogramme
Pictogramme

ProActif sicht schnellst méiglechst fir säin service “Fond-de-Gras” een Viraabechter :

Réf.: FDG0125

CDI

m/w

40 St./W.

Är Missioun

  • Dir assuréiert d’Restauratioun vun de Stolkonstruktiounen
  • Dir organiséiert a plangt d’Aarbecht esou wéi d’Weiderbildung vun den do affektéierte Leit
  • Dir hutt Kenntnisser vun de verschiddenen Schweestechniken an dem entspriechenden Equipement, esouwéi vun de Lackéiertechniken am Karosseriebau
  • Dir beherrscht d’Reegele vun der Confidentialitéit an der Sécherheet

Äre Profil

  • Titulaire vun engem DAP Schlässer oder Carrossier a mat enger nennenswäerter Beruffserfarung an enger änlecher Funktioun vun op mannst 3 Joer
  • E Meeschterbréif ass vu Virdeel
  • Pedagogesch a relational Kompetenze fir mat Leit an der Reinsertioun ze schaffen
  • Organisatoresch Kompetenzen
  • Fäegkeet an enger multidisziplinärer Equipe ze schaffen
  • Kenntnisser vun den übleche Sproochen
  • Gültege Führerschäin B

Kandidatur

D’Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, Motivatiounsbréif, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer un

ProActif SIS Sàrl , Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern

oder per Mail un jobs@proactif.lu ze schécken.

Am Fall vun enger Astellung gëtt een Casier judiciaire Nummer 3 gefrot.

This site is registered on wpml.org as a development site. Switch to a production site key to remove this banner.