Technesche Koordinator Zëmmermann / oder Schräiner

ProActif sicht schnellstméiglecht fir seng Aktivitéit “Schräinerei” een Zëmmermann / oder Schräiner :

Réf.: MENU0225

CDI

m/w

40 St./W.

Är Missioun

  • Dir assuréiert de Kontakt mat de Clienten, preparéiert d’Devisen a schafft den Zäitplang vun de Schantercher aus
  • Dir organiséiert a geréiert d’Aktivitéiten aus dem Service esou wéi och d’Formatioun vun den do affektéierte Leit
  • Dir sidd zoustänneg fir verschidden administrativ Aufgaben (Aarbecht-s-Fichen, Akaf-s-bongen, Liwwerschäiner, Commanden, Rapporten, Evaluatiounen, asw.)
  • Dir sidd diskret a beherrscht d’Reegele vun der Hygiène an der Sécherheet

Äre Profil

  • Titulaire vun engem unerkannten Diplom an engem vun deene Beruffer an engem Meeschterbréif
  • Organisatoresch Kompetenzen a d’Fäegkeet eng Equipe ze féieren
  • Pedagogesch a relational Kompetenze fir mat Leit an der Reinsertioun ze schaffen
  • Eegeninitiativ ergräifen, verantwortungsbewosst an rigoréis sinn
  • Kenntnisser vun den übleche Sproochen
  • Gültege Führerschäin B

Kandidatur

D’Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, Motivatiounsbréif, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer un

ProActif SIS Sàrl , Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern

oder per Mail un jobs@proactif.lu ze schécken.

Am Fall vun enger Astellung gëtt een Casier judiciaire Nummer 3 gefrot.

This site is registered on wpml.org as a development site. Switch to a production site key to remove this banner.