Hektar Produktiounsfläch.
%
vun eise Produkter stamen aus biologeschem Ubau.
verschidde Produkter ginn hei bei eis hiergestallt.
Tonne Geméis ginn all Joer bei eis produzéiert a verschafft.
Zënter 2020 baut ProActif regionaalt, saisonaalt an héichwäertegt Geméis un a verdeelt et an engem sozialen a solidaresche Kader un Grousshändler aus dem HoReCa-Secteur.
Verkaaft ginn d’Produkter ënnert der Marque Aus eisem Gaart, erkennbar un hirem Logo a Form vun enger Géisskan. En Deel vum Geméis ass biologesch zertifizéiert (LU-BIO-04), den aneren kënnt aus konventionellem Ubau, mee all eis Produkter iwwerzeegen duerch hir Frëscht a Qualitéit.
Eng engagéiert Produktioun :
- 30 Hektar Ubaufläch op 6 verschiddene Standuerter
- Eng Ekippe vun 164 Leit, dorënner 143 Persounen an der Reinsertioun
Zënter 2021 hu mir och eng eege Veraarbechtungsstrooss, wou mir eis eegen Recolten souwéi och déi vun eise Clienten mat vill Suergfalt wäschen, schielen a schneiden. Dës qualifizéiert Produktiounsplaz bitt den Beneficiairen d’Méiglechkeet, sech ze forméieren a sech an engem professionelle Kader weiderzëentwéckelen.