ProActif sicht schnellstméiglecht fir säin Service “Jardinage” een:
Formateur (m/w)
40 St./W. (Ref. JAR0124)
Loun laut Kollektivvertrag
Är Missioun
- Dir entwéckelt a gitt Formatiounen am Gaardeberäich un d’Aarbechtssichender
- Dir bewäert qualitativ d’technesch Fäegkeeten an d’berufflech Attitudë vun den Aarbechstsichenden
- Dir drot dozou bäi dat bestoend Formatiounsmaterial ze erweideren an à jour ze halen
- Dir beherrscht d’Regelen vun der Sécherheet
Äre Profil
- Titulaire vun engem DAP als pépiniériste-paysagiste oder equivalent mat enger nennenswäerter Beruffserfahrung vun op mannst 5 Joer
- Pedagogesch a relational Kompetenze fir mat Leit an der Reinsertioun ze schaffen
- Kenntnisser vun den übleche Sproochen a Computerprogrammer
- Mannschaftsgeescht, Eegeninitiativ an eng aktiv Kommunikatioun
- Führerschäi B
D’Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer un ProActif SIS S.àr.l., Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern oder per Email un jobs@proactif.lu ze schécken.