ProActif sicht schnellstméiglecht fir säin Projet "Maraîchage" een :
Viraarbechter am Geméisubau (m/w)
CDI 40 St./W. (Ref. MAR0123)
Loun laut Kollektivvertrag
Är Missioun
- Dir animéiert a geréiert eng Equipe vu 4 bis 6 Leit
- Dir organiséiert a plangt d'Aarbecht vun Ärer Equipe
- Dir realiséiert d'Schanteger laut den Offeren an de Konventiounen
Äre Profil
- Titulaire vun engem DAP - Geméisubau oder enger nennenswäerter Beruffserfarung an enger ähnlecher Funktioun vun op mannst 3 Joer
- Pädagogesch a relational Kompetenzen fir mat Leit an der Reinsertioun ze schaffen
- Kenntnesser vun den übleche Sproochen
- Titulaire vum Führerschäin B ; den BE an Trakter si vu Virdeel
D'Kandidaturen si mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, rezenter Foto, Kopie vun den Diplomer an dem Casier n° 3 un ProActif SIS S.àr.l., Département RH, 5 rue Läiteschbaach L-5324 Contern oder per Email un rh@proactif.lu ze schécken.