Ween sinn mir?

ProActif gouf 1998 gegrënnt a huet méi wéi 25 Joer Erfarung a verschiddenen handwierkleche Beruffer.

Eis sozial ausgeriicht Entreprise bitt Leit, déi um Rand vum Aarbechtsmaart stinn, eng nei Méiglechkeet fir den berufflechen Neistart.

Fir hinnen eng reell Chance ze ginn, offréiere mir verschidden Aarbechten, déi an Zesummenaarbecht vun eise professionellen Equippen aus de respektiven Handwierker an eisen Beneficiaire’n vu ProActif realiséiert ginn.

Wann Dir Iech entscheet fir mat eis ze schaffen, ënnerstëtzt Dir engersäits eist soziaalt Zil, an anerersäits gitt Dir deene Leit d’Chance fir sech iwwert déi praktesch Aarbecht um Terrain an hirem professionellen Wëssen a Kënnen ze entwéckelen.

This site is registered on wpml.org as a development site. Switch to a production site key to remove this banner.