D’Organisatioun „ProActif SIS S.à r.l.“ verpflicht sech, hir Websäit accessibel ze gestalten, am Aklang mam Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwer d’Accessibilitéit vu Websäiten a mobillen Applikatioune vun ëffentlechen Instituter. Dës Erklärung zur Accessibilitéit gëllt fir: https://www.proactif.lu/
Wat ass eng digital Accessibilitéit?
Jidderee soll d’Informatiounen, déi op enger Websäit oder an enger Applikatioun enthale sinn, einfach benotze kënnen, besonnesch Persoune mat Behënnerungen an/oder Persounen, déi eng ënnerstëtzend Software oder speziell Hëllefsmëttel benotzen (z. B. visuell, auditiv, kierperlech oder kognitiv Beanträchtegungen).
Stand vun der Konformitéit
Dës Websäit ass deelweis konform laut der europäescher Norm EN 301 549 souwéi dem Referenzkader zur Bewäertung vun der Web-Accessibilitéit (RAWeb) v1, deen dës Norm ëmsetzt, opgrond vun den opgelëschte Punkten hei ënnendrënner.
Net accessibel Inhalter
D’Inhalter, déi ënnendrënner opgelëscht sinn, si wéinst de follgende Grënn net accessibel:
Net-Konformitéiten
- [1.2] Mindestens een dekorativ’t Bild gëtt vun enger spezieller Ënnerstëtzungssoftware berücksichtegt.
- [1.3] D’Textalternativ vu mindestens engem informative Bild ass net relevant.
- [2.1] Mindestens eng Rumm (iframe) huet keen Titel.
- [3.2] Mindestens een Text huet net genuch Kontrast.
- [3.3] Mindestens eng grafesch Komponent, déi eng Informatioun vermëttelt, huet net genuch Kontrast.
- [4.11] Mindestens e Multimedia-Player ass net iwwer d’Tastatur oder en aneren Dispositif steierbar.
- [6.1] Mindestens e Link huet kee pertinenten Titel.
- [6.2] Mindestens e Link huet keng Beschreiwung.
- [7.1] Mindestens eng JavaScript-Funktioun ass net mat enger spezieller Ënnerstëtzungssoftware kompatibel oder benotzt onpassend ARIA-Eegenschaften.
- [7.3] Mindestens eng JavaScript-Funktioun ass net iwwer d’Tastatur oder en aneren Dispositif steierbar.
- [8.7] Mindestens e Sproochwiessel ass net gekennzeechent.
- [8.9] Mindestens een HTML-Element gëtt zu Presentatiounszwecker benotzt (z. B. eidel Paragraphen oder onstrukturéiert Texter an engem Element vu Paragraphen).
- [9.1] D’Hierarchie vun den Iwwerschrëften ass op mindestens enger Säit net korrekt.
- [9.3] Mindestens eng Lëscht ass net korrekt strukturéiert.
- [10.3] Mindestens een Inhalt erschéngt am Programmcode net an enger logescher Reiefolleg.
- [10.7] Mindestens e visuellen Indicateur fir de Fokus ass net sichtbar oder net genuch kontrastéiert.
- [10.9] Mindestens eng Informatioun gëtt ausschliisslech iwwer Form, Gréisst oder Positioun duergestallt.
- [10.12] Mindestens een Inhalt verléiert beim Gebrauch vun Ofstänn u Verständlechkeet oder Liesbarkeet.
- [11.7] D’Beschrëftung vu mindestens enger Grupp vum Formulaire ass net relevant.
- [11.10] D’Iwwerpréiwung vun der Saisie bei mindestens engem Feld vum Formulaire ass net adequat (d’Kennzeechnung vun den obligatoresche Felder an/oder eng feelend Angab zu den Dateiformater).
- [11.13] Mindestens ee Feld am Formulaire ënnerstëtzt keen automatesch’t Ausfëllen.
- [12.1] Mindestens eng Säitegrupp huet keng zwou Navigatiounssystemer.
- [12.7] Mindestens eng Säit huet kee Schnellzougrëff op den Haaptinhalt oder dëse funktionéiert net.
- [12.8] D’Tabulatiounsreiefolleg ass fir mindestens eng Säit oder ee Komponent net kohärent.
- [12.9] Mindestens eng Tastaturfal verhënnert d’Navigéieren op enger Säit.
- [13.3] Mindestens een Textveraarbechtungsdokument (doc, odt oder PDF) ass net accessibel an huet och keng alternativ Duerstellung.
Inhalter ausserhalb vum applikabele Beräich vum Gesetz vum 28. Mee 2019
- D’Ally-Widget
- Inhalter vun iFrames : Google Maps und Seezam (Meldung vun engem Verstouss)
- reCaptcha
Funktiounen zur Accessibilitéit
Dank dem integréierten Ally-Widget am Haaptmenü stinn dem Benotzer follgend Funktiounen zur Verfügung : Textvergréisserung, Erhéijung vum Zeilenofstand, Auswiel vun der Textausriichtung, Erhéijung vum Kontrast, verschidden Niveaue vu Grotéin si verfügbar, Biller maskéieren, Animatiounen pauséieren, Links markéieren, d’Applikatioun vun engem Mask deen de Fokus op vereenzelt Wierder setzt, Ervirhiewe vun der Fokusrumm souwéi d’Struktur vun der Säit fir ze visualiséieren.
D’erstelle vun der Accessibilitéitserklärung
Dës Erklärung gouf den 12. Januar 2026 erstallt. D’Donnéeë si korrekt a baséieren op enger effektiver Evaluatioun vun der Konformitéit vun dëser Websäit mat den Ufuerderunge vum RAWeb 1, duerchgefouert vun engem Drëtten: Access42.
Réckmeldungen a Kontaktdaten
Sollt Dir e Manktem a Bezuch op d’Accessibilitéit feststellen, schéckt eis w.e.g. eng Mail un accessibilite@proactif.lu
, an där Dir de Problem beschreift an déi betraffe Säit ugitt. Mir verpflichten eis, bannent maximal engem Mount per Mail ze äntwerten. Fir de Problem nohalteg an am Mooss vum Méiglechem ze behiewen, wäert eng Online-Korrektur virgezu ginn. Wann dat net méiglech ass, kritt Dir d’Informatiounen an engem zougängleche Format :
- schrëftlech a Form vun engem Dokument oder per Mail;
- mëndlech an engem Gespréich oder iwwer Telefon.
Prozedur zur Garantie fir d’Konformitéit mat den dozougehéierege Bestëmmungen
Falls eis Äntwert net zefriddestellend sollt sinn, kënnt Dir den Informatiouns- a Pressedéngscht, dëst ass den zoustännege Service fir d’Iwwerpréiwung vun der Accessibilitéit, iwwer hiren Online-Reklamatiounsformulaire oder den Ombudsmann vu Lëtzebuerg informéieren.
Dës Erklärung baséiert op der festgeluechte Virlag vun der EU-Duerchféierungsveruerdnung 2018/1523. Dës Virlag gehéiert zur Europäescher Unioun an ass ënnert der Lizenz Creative Commons Attribution 4.0 International verëffentlecht.