Holzprodukter Aus eisem Holz

0
0
0
0

Handgemaachte Kreatiounen a Léisungen op Mooss aus Holz a Metall

Eis Schräinerei bitt Iech eng schéin Auswiel un handgemaachte Produkter aus héichwäertegem Holz, direkt aus eisem Atelier zu Käerjeng.

Nieft eisem Katalog vun Holzartikelen realiséiere mir och Projeten op Mooss, ugepasst un Är Wënsch a spezifesch Besoinen: Chaleten, Gaardenhaisercher, Juegdpavillonen, Metallkonstruktiounen an nach villes méi.

Eisen Atelier begleet Privatleit, Entreprisen a Gemengen bei all hire Projeten am Beräich Schräiner- a Schlässereiaarbechten.

Mir bidden Iech ënner anerem :

  • Reparatur vun ale Miwwelen
  • Holzverkleedungen fir Fassaden oder Diecher
  • Fabrikatioun vu Pergolaen, Terrassen, Carports a Miwwel op Mooss
  • Holzkonstruktiounen an Hochbeeter
  • Gelänner aus Inox, Trapen a Verkleedung aus Metall

Eis Handwierker setzen hiert Know-How an, fir Ären Iddien Liewen anzehauchen.

Rufft eis un ënnert der Nummer +352 27 33 44 – 814 oder kontaktéiert eis iwwert den Kontaktformulaire fir iwwert Äre Projet ze schwätzen.

Holz fir de Gaart a fir d‘Terrass

An der Gamme vun „Aus eisem Holz“ fanne mer och eng ganz Rei flott Objeten fir ronderëm d’Haus: Hochbeeter, Planzkiwwelen, Picknick-Garnituren, Dëscher a Bänken. Alles gëtt aus héichwäertegem Douglas-Holz gebaut, wat wiederfest ass an d’ganzt Joer iwwer kann am Gaart oder op der Terrass stoe bleiwen.

Holzbau fir d’Juegd

Fir d’Jeeër bitt ProActif ënnert dem Markennumm „Aus eisem Holz“ eng ganz Gamme un héichwäertegen Hochsitzen : Kanzelen, Ënnerbauten, Drockjuegdbéck, Leederen … a vill nëtzlech Accessoiren dozou. D’Holzzort déi dobäi verschafft gëtt, ass Douglas aus eise Géigenden. All Produit gëtt mat enger detailléierter Uleedung fir den Opbau geliwwert.

Galerie

Dësen Service interesséiert Iech ?
Dir wëllt en Devis erhalen?

Elo en Devis ufroen

This site is registered on wpml.org as a development site. Switch to a production site key to remove this banner.