(Luxembourgish) D’Schräinerei vu ProActif huet an de leschte Méint eng ganz Rëtsch vun Holzprodukter entwéckelt, déi elo op de Maart kommen. Et sinn, wéi alles vu ProActif, Produkter « mat Hand an Häerz », déi an den Atelieren vu ProActif zu Contern produzéiert ginn.
(Luxembourgish)
Ausstellungen beim Verband
All dës Produiten ginn iwwert DE VERBAND verkaf. An hiren 3 Geschäfter zu Jonglënster, Colmar-Bierg an Hengescht ass alles ausgestallt, an et kann een sech do vun der éischtklasseger Qualitéit iwwerzeegen.
Well alles an den eegenen Atelieren vu ProActif gemaach gëtt, ass et och kee Problem, individuell Wënsch ze erfëllen an déi Objeten op d‘Mooss ze produzéieren. Iwweregens kënnen d’Ekippe vun der Schäinerei och nach ganz aner Saache maachen, zum Beispill Chaleten, Gaardenhaisercher oder Juegdbuden bauen oder renovéieren. Dofir freet een sech dann am beschten en Devis iwwert den Telefon +352 27 33 44-814, oder iwwert de Kontaktformulaire um Site www.proactif.lu.