section-callout section-callout-job Holzprodukter AUS EISEM HOLZ - Proactif, Service fir Privatleit, Institutiounen a Betriber - Luxembourg

Holzprodukter AUS EISEM HOLZ

Holz fir de Gaart a fir d‘Terrass

An der Gamme vun „Aus eisem Holz“ fanne mer och eng ganz Rei flott Objeten fir ronderëm d’Haus: Hochbeeter, Planzkiwwelen, Picknick-Garnituren, Dëscher a Bänken. Alles gëtt aus héichwäertegem Douglas-Holz gebaut, wat wiederfest ass an d’ganzt Joer iwwer kann am Gaart oder op der Terrass stoe bleiwen.

Holzbau fir d’Juegd

Fir d’Jeeër bitt ProActif ënnert dem Markennumm „Aus eisem Holz“ eng ganz Gamme un héichwäertegen Hochsitzen : Kanzelen, Ënnerbauten, Drockjuegdbéck, Leederen … a vill nëtzlech Accessoiren dozou. D’Holzzort déi dobäi verschafft gëtt, ass Douglas aus eise Géigenden. All Produit gëtt mat enger detailléierter Uleedung fir den Opbau geliwwert.

Dësen Service interesséiert Iech ?

Dir wéilt gären en Devis erhalen ?

Eis Partner