Restaurant Zopp an Z’iessen

Hutt Dir Loscht op eng gesond, gutt an hausgemaachen Moolzecht? Am Restaurant Zopp an Z’iessen zerwéiere mir Iech Plat’en, déi mat frëschen, regionale a saisonale Produkter preparéiert ginn, direkt aus eisen eegene Geméisgärt.

Vun der Zopp bis bei den Dessert gëtt all Plat mat vill Léift an Opmierksamkeet vun eiser Equipe vu professionelle Gastronomiespezialisten an Zesummenaarbecht mat eise Mataarbechter am Reintegratiounsprozess zoubereet.

Mir këmmere eis ëm déi ganz Produktiounsketten :

  • Frëscht Geméis aus lokale Kulturen
  • Handwierklech Preparatioun an eiser eegener Kichen
  • Häerzleche Service am Restaurant oder Iessen fir Matzehuelen: Bagels, Sandwicher, Zaloten oder d’Plat du jour

Entdeckt eis Kaart op zaz.lu a reservéiert Ären Dësch ënnert dëser Nummer +352 27 33 44 – 222.

Galerie

This site is registered on wpml.org as a development site. Switch to a production site key to remove this banner.